Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ President vun der Landwirtschaftskammer: Impfaktioun géint Blozongekrankheet kënnt ze spéit

Viral Erkrankung

President vun der Landwirtschaftskammer: Impfaktioun géint Blozongekrankheet kënnt ze spéit

Duerch d’Blozongekrankheet produzéiere verschidde Betriber bis zu engem Drëttel manner Mëllech. Déi viral Infektioun, déi sech zënter gutt engem Joer a Westeuropa, an zënter Enn Juli hei am Land ausbreet, féiert och zu enger Baisse bei der Fruchtbarkeet vun de Béischten an zu enger Hausse bei den Doutgebuerten, sou de President vun der Landwirtschaftskammer.

auto_stories

2 min

Foto: Chris Zeien

De Christian Hahn kritiséiert dofir, datt d’Impfcampagne eréischt virun zwou Wochen ugelaf ass. Iwwer 3 Woche missten zwou Impfdosisse gesprëtzt ginn an et géif e bëssen daueren, bis d‘Béischt immun géint d‘Blozongekrankheet ass, sou de Christian Hahn.

"Mir fänke lo voll an deem, wou den Ausbroch ass, u mat impfen, dat ass och e bësse schwiereg vun der Period hier."

Bis d’Situatioun sech verbessert, hunn d’Bauere mat héije finanzielle Verloschter ze kämpfen. Aktuell wier een a Gespréicher mat der Landwirtschaftsministesch, iwwert eventuell Hëllefe fir déi betraffe Baueren, sou de Christian Hahn. Eng konkret Moossnam wier awer nach net decidéiert.

Verloschter och beim Karschnatz

De Karschnatz gouf dëst Joer mat ronn engem Drëttel Verloscht am Verglach zu anere Joren ofgeschloss. Zevill Reen an ze wéineg Sonn haten de Kulturen net gutt gedoen, seet de Christian Hahn.

Besonnesch de Süde vum Land hätt gelidden, sou de President vun der Landwirtschaftskammer. Do dobäi komme ganz niddereg Präisser, tëscht 15 a 17 Euro fir 100 Kilo Kären. Dat géif haut bäi Wäitem net méi duergoen.

Beim Geméis géif een elo op d’Alagerungsgeméis waarden, wat d’Situatioun nach kéint retten. Beim Uebst dogéint hätt de Spéitfrascht schonn am Fréijoer dofir gesuergt, datt vill Kulturen elo bal guer keng Erträg méi géife bréngen, virun allem beim Steenuebst. Ganz gutt wier dogéint d’Situatioun an der Fuddermëttelproduktioun, sou de Christian Hahn. Duerch de ville Reen wier d’Gras dëst Joer héich gewuess an de Mais hätt sech an de leschten, dréchene Wochen erkritt, sou datt d’Bauere vill Reserve fir de Wanter hätte kënnen uleeën.

Aktualitéit
Klima
Landwirtschaft
Interview
Ëmwelt