Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Uni-Professer: De Marché wäert decidéieren, wou Waasserstoff genotzt gëtt

Energie

Uni-Professer: De Marché wäert decidéieren, wou Waasserstoff genotzt gëtt

De Marché wäert dono decidéieren, wou de grénge Waasserstoff als Energie genotzt gëtt, seet de Stefan Maas. De Professer vun der Uni Lëtzebuerg gleeft net drun, datt ee vun uewen erof dekretéiere kéint, wou Waasserstoff genotzt wäert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Chris Zeien

Lauschterenplay_arrow

Fir unzefänke sollte senger Meenung no Pilotprojeten a groussen Industriebetriber duerchgezu ginn, fir Erfarungen ze sammelen an Know-how opzebauen. Och hei an eise Géigende bräicht ee Kompetenzen an deem Beräich, souguer wann d’Produktioun vu gréngem Waasserstoff op anere Plaze wäert geschéien.

"Mir huldegen zënter 50 Joer der Globaliséierung, dat heescht jidderee spezialiséiert sech op iergendeppes. An et gëtt natierlech Plazen, wou d'Konditioune besser sinn, dat heescht wou mer méi Sonn oder méi Wand hunn. An do kënne mir maachen, wat mer wëllen, am Schluss ass et do méi bëlleg. Portugal oder Südeuropa oder Nordafrika ass do warscheinlech vir."

Dat géif awer net bedeiten, datt Lëtzebuerg keng Kompetenzen am Beräich Waasserstoff sollt opbauen. Am Géigendeel, et wier wichteg ee „richtege Marché“ fir Waasserstoff opzebauen.

"CO2-Emissioune wäerten eis vill méi deier kaschten"

Dee Prozess wier warscheinlech um Ufank och net ouni Subventiounen ze maachen, sou de Fuerscher.

"Op där anerer Säit, wa mer näischt maachen, déi CO2-Emissioune wäerten eis vill méi deier kaschten an d'Zukunft wéi dat wat mer elo bezuelen. An déi Präisser sinn haut guer net méi sou wäit dovun ewech, kompetitiv ze sinn."

D’Produktioun vu gréngem Waasserstoff – mat Sonnen- oder Wandenergie – ass CO2-neutral. Wéinst där Klimafrëndlechkeet gëllt de Waasserstoff als Energie (an Energiespäicher) vun der Zukunft.

Aktualitéit
International
Politik a Gesellschaft
Interview