Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Charel Goerens: “D’Fransouse bestëmmen och d’Zukunft vun der EU”

Walen a Frankräich

Charel Goerens: “D’Fransouse bestëmmen och d’Zukunft vun der EU”

De Charel Goerens bléck mat grousser Suerg op den zweeten Tour vun de franséische Parlamentswalen e Sonnden. Den DP-Europadeputéierten mengt net, datt nach ka verhënnert ginn, datt de rietsnationale Rassemblement National stäerkst Kraaft gëtt.

auto_stories

2 min

headphones

16 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D‘Leit wiele wat se wëllen, egal wat déi responsabel Parteie soen, esou de Charel Goerens de Moien am 100,7-Interview.

„An d’Fransouse wäerten sech an enger grouss Zuel net terribel beandrocke loosse vun dem wat d’Etat Majoren vun de Parteie beschloss hunn.”

De Charel Goerens bléck mat grousser Suerg op den zweeten Tour vun de franséische Parlamentswalen e Sonnden. Den DP-Europadeputéierten hält et duerchaus fir méiglech, datt de rietsnationale Rassemblement National eng absolutt Majoritéit am franséische Parlament kritt.

Den EU-Conseil riskéiert blockéiert ze ginn

Hie betount, elo scho wären an 18 EU-Länner rietsextrem Parteie mat an der Regierung, oder sinn no drun dran ze kommen. Wann do nach e grousst Land dobäi kéim, géif et ëmmer méi schwéier gi fir politesch Decisiounen an Europa ze huelen.

„Net am Europaparlament, mee an der zweeter Branche legislative: Dem Conseil vun der Unioun. Also do, wou d’Memberstaate mat ofstëmmen. Do komme mer ëmmer méi no bei eng Minorité de Blocage.“

Wa se Frankräich, Italien, Polen, Slowakei an Tschechien zum Beispill géifen zesummendinn, da wier de Apparat fir Gesetzer blockéiert.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview