Am 100,7-Interview erkläert de Gilles Hempel, datt dës nei Plattform aus engem Groupe de travail vun der Fedes entstanen ass, der Federatioun vun den Acteuren aus dem soziale Secteur. Dës Federatioun zielt eng 200 Memberen.
Nieft ënner anerem de Beräicher Enfance, Jeunesse a Senior hätt een och elo de Beräich Logement geschaaft. All Acteuren aus deem Secteur kënnen esou besser zesummeschaffen, seet de Gilles Hempel. Ausserdeem fënnt eng enk Zesummenaarbecht mam Logementsministère, dem Fonds de Logement, dem SNHBM an dem Syvicol statt.
Afloss op d'Gesetzer a Reglementer behalen
Mat enger gemeinsamer Stëmm schwätzen a méi Gewiicht hunn: Dat ass d'Zil vun dësem Regruppement. Zesumme soll gekuckt ginn, wat d'Besoinen um Terrain sinn. Dobäi kënnt de legale Volet: Et wéilt ee sécherstellen, datt een en Afloss op d'Gesetzer a Reglementer behält.
En anere Volet ass den "échange de bonne pratique", wou een Erfarungen an Outilen ënnereneen deele kann.
"Et schuet de Leit an der Ekonomie"
Een Zesummeschloss, deen dem Gilles Hempel no grad elo wichteg wier: D'Demande fir sozial an abordabel Wunnenge gëtt ëmmer méi grouss. Vill Leit kéinte sech keng Wunneng um private Marché méi leeschten, esou den Direkter vun der Fondation pour l’accès au logement.
"Déi Rendite-Erwartungen, déi d'Promoteuren an d'Investisseuren hunn, sinn net kompatibel mat deene Präisser, déi déi meeschte Leit kënne bezuelen. Dat heescht, de private Marché ass a sech fir ëmmer manner Leit eng Léisung an dofir muss den abordabele Wunnraum, dee muss massiv ausgebaut ginn, soss kréie mir hei am Land e ganze Koup Problemer."
Net nëmmen de Misär vun de Leit, deen een als sozial Acteuren all Dag géif gesinn, géing sech verschlëmmeren, mee och d'Ekonomie wäert Schued huelen, seet de Gilles Hempel. Talenter op Lëtzebuerg bréngen, mee hinne keng bezuelbar Wunneng kënnen offréieren, dat wier keng gutt Situatioun.
Lëtzebuerg hänkt hannendrun
Aktuell léich den Undeel vun den abordabele Wunnengen zu Lëtzebuerg bei 2 Prozent. An anere Länner wier deen Undeel awer bei 20, bis esou guer 30 Prozent, esou nach de Gilles Hempel.
Fir op esou een Niveau am Grand-Duché ze kommen, missten awer eng Rei Mesurë geholl ginn. Kloer ass dem Gilles Hempel no awer, datt d'Erweiderung vum soziale Wunnengsmaart just vum Staat, de Gemengen an dem soziale Secteur assuréiert ka ginn.
Et géingen och well e puer Verbesserungen op deem Punkt ginn, betount de Gilles Hempel. E Beispill ass d'Gesetz zum Logement abordable, dat um Enn vun der leschter Legislaturperiod gestëmmt gouf. Oder e rezente Projet de loi, deen Amendementer un deem Gesetz virgesäit. Dobäi kéim eng gutt Relatioun, déi ee mam Logementsministère hätt.
Beispill Éisträich
De Support misst awer trotzdeem weider ausgebaut ginn, well een e "risege Retard" hätt, an d'Präisser um private Marché weider klammen.
Etüden aus Éisträich hätten och gewisen, datt e groussen abordabele Wunnengsmaart e positiven Effekt op de Rescht vum Marché hätt, betount de Gilles Hempel.
"Wann et vill sozialen oder abordabele Wunnengsbau gëtt, mécht dat Drock op de private Marché. D’Präisser ginn elo net onbedéngt erof, mee se klammen da manner séier."
Outilen, déi d'Situatioun verbessere kéinten
De Gilles Hempel bleift dann och an Éisträich: Zu Wien wier elo festgeluecht ginn, datt bei all neier "Flächenwidmung" (quasi een Ausbau vum PAG), zwee Drëttel vun de Wunnengen abordabel musse sinn. "Esou kéint een dat forcéieren", seet den Direkter vun der Fondation pour l'accès au Logement. Zu Lëtzebuerg léich een, wat dat ugeet, aktuell bei 10 bis 20 Prozent.
D'Konditioune fir déi Acteuren, déi am soziale Wunnengsbau aktiv sinn, wiere gutt, mee d'Terraine wieren nach vill ze deier. Mee och do géing ee Liicht um Enn vum Tunnel gesinn, seet de Gilles Hempel. De Logement abordabel soll nämlech eventuell als "utilité publique" definéiert ginn. Dat géing et engem erlabe Spekulanten, déi hir Terrainen zeréckhalen, ze expropriéieren.