D’Zommen, déi an d’Defense missten investéiert ginn, wiere "gewalteg", huet de Luc Frieden am 100,7-Interview erkläert.
A senger Ried zur Lag vun der Natioun en Dënschdeg hat de Premier jo ugekënnegt, datt d’Zil vun zwee Prozent vum RNB schonn Enn vun dësem Joer soll erreecht ginn, an net eréischt am Joer 2030.
Drock vun der NATO-Gemeinschaft
Am 100,7-Interview huet de Luc Frieden erkläert, datt et eng Noutwennegkeet géif ginn, méi fir d’Defense auszeginn.
“Mir maachen et, well mir e gréissere Reputatiounsschued vu Lëtzebuerg wëllen evitéieren. Well déi meeschte Länner, déi ënner 2 Prozent waren, dat sinn der nëmme véier, fënnef, déi hunn alleguerten elo annoncéiert, si géifen direkt op zwee Prozent goen.”
An deem Kontext huet de Luc Frieden ugekënnegt, datt hien am Juni zesumme mam Ausseminister Xavier Bettel a mat der Verteidegungsministerin Yuriko Backes op den NATO-Sommet an Holland wäert reesen.
“A stellt Iech emol vir (...) da gëtt vun deenen 30 anere gesot, Lëtzebuerg, dat Land mat deem héchste Räichtum pro Kapp, kënnt sengen Obligatiounen net no. Ech mengen, dat wier een enorme Schued fir Lëtzebuerg, an ech wéisst och net wéi d'Amerikaner géifen dorop reagéieren.”
Et wier also "Drock vun der NATO-Gemeinschaft op eis", deen zum Plang gefouert huet, schonn Enn vun dësem Joer op 2 Prozent vum nationale Räichtum (RNB) fir d’Defense ze kommen. Dat nieft der Iwwerzeegung, datt Lëtzebuerg säi "solidaresche Bäitrag" misst leeschten, fir a Fridden a Fräiheet kënnen ze liewen, esou de Luc Frieden.
Martine Deprez diskutéiert Pensiounspläng mat Sozialpartner
Wat seng Ukënnegungen a Saache Pensiounssystem ugeet, huet de Premier erkläert, datt d’Regierung gären hätt, datt d’Leit, déi elo schaffen, déi elo jonk sinn an ufänke mat schaffen, herno eng Pensioun kréien. De Rentenantrëttsalter soll dowéinst lues a lues méi no u 65 Joer eru gefouert ginn, huet de Luc Frieden am Interview widderholl. Dowéinst sollen d’Cotisatiounsjoren erhéicht ginn.
“...bis d'Leit méi no bei 65 oder bei 65 sinn.”
De Luc Frieden huet och nach eng Kéier an Erënnerung geruff, datt d’Liewenserwaardung erop geet. Donieft soll eng “Retraite progressive” agefouert ginn.
“Wat ech och vill héiere vu Leit, déi soen, ech wëll am Fong nach weider schaffen, mee ech wëll net méi full time schaffen, soudatt si kënnen e bësse manner schaffen, schonn een Deel Pensioun kréie mir och nach en Deel schaffen a kotiséieren an dat hëlleft dem System (...).”
D’Detailer vun de geplangte Changementer um Pensiounssystem géif d’Ministerin Martine Deprez (CSV) elo mat de Sozialpartner a mat de Chamberfraktiounen diskutéieren.
Luc Frieden: "Ech si kee Frënd vun der Strooss"
An enger Demokratie wier et "ganz okay", datt een demonstréiere geet, huet de Premier Luc Frieden zur ugekënnegter grousser Manifestatioun vun der Gewerkschaftsfront vun OGBL an LCGB den 28. Juni gesot.
“Mee no där Manifestatioun geet d'Liewen am Land weider. (...) An eis Aufgab ass net, sech op eng Manifestatioun ze fokusséieren. Ech hu léiwer, datt d'Leit um Dësch sëtzen. Ech si kee Frënd vun der Strooss. Ech sinn e Frënd méi vun dem Dialog.”
Hien hätt gären eng Debatt "op der Saach", huet de Regierungschef ënnerstrach, an hien huet d’Stéchwierder Kollektivverträg an Ëffnungszäite vun de Geschäfter genannt.
Lëtzebuergesch als EU-Sprooch: "Keng Pist"
D'Lëtzebuerger Regierung huet net wëlles, eng Demande ze maachen, fir datt Lëtzebuergesch eng offiziell EU Sprooch gëtt. Dat huet de Premier Luc Frieden och am 100,7-Interview gesot.
“D'Lëtzebuerger Sprooch ass d'Sprooch, déi hei am Land geschwat gëtt. Dat ass eng wichteg Sprooch. Duerfir steet se och an der Constitutioun. Mee d'Sprooch als offiziell EU Sprooch unzefroen, ass an eisen Aen e komplizéierten, deiere Wee.”
Am Europäesche Parlament war um Mëttwoch d’Demande vum ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser verworf ginn, fir Lëtzebuergesch am Europäesche Parlament dierfen ze schwätzen.
Lëtzebuergesch als offiziell EU-Sprooch unzefroe wier "keng Pist, déi ee realistesch verfollege kann", esou de Premier.
De Kulturminister Eric Thill (DP) wier awer am gaangen ze kucken, wéi ee kéint aner Weeër goen, fir datt Lëtzebuergesch bei verschiddenen europäeschen Evenementer méi kéint gebraucht ginn.
Dem Luc Frieden no hätte Lëtzebuerger Vertrieder:innen een Interesse dorun, am Ausland eng Sprooch ze gebrauchen, déi vun deenen anere verstane gëtt. Dat géing näischt vun der Léift fir d’Lëtzebuerger Sprooch ewechhuelen, esou de Premier.