Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  César Franck (arr. Jules Delsart) - Sonat fir Cello a Piano a La Majeur, IV. Allegretto poco mosso - Steven Isserlis (Cello), Connie Shih (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Marc Baum: “Staat huet sech Handlungsméiglechkeeten ewechgeholl”

Affär Caritas

Marc Baum: “Staat huet sech Handlungsméiglechkeeten ewechgeholl”

Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum bleift dobäi, datt d'Caritas hätt kënnen a misste gerett ginn. Et hätt ee fäerdege Projet ginn, fir d’Caritas komplett nei opzestellen. Nieft enger neier Gouvernance wier dofir och Startkapital néideg gewiescht. Doru wier et awer gescheitert.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Marc Baum | © Chris Zeien play_arrow
Marc Baum (Foto: Chris Zeien)

Weder de Bistum nach déi Leit, déi HUT (Hëllef um Terrain) gegrënnt hunn, wiere bereet gewiescht op dee Wee ze goen. Dem Marc Baum no géif sech d'Fro stellen, ob de Staat net Interesse gehat hätt, fir ze hëllefen ze iwwerbrécken, bis déi nei Gouvernance stoung.

“An dann hätt ee kënnen op alles dat, wat Caritas awer ausgezeechent huet, och wat Benevolat ugeet, wou eng ganz Gesellschaft sech quasi mat implizéiert huet... dat ass elo einfach iwwer Bord gehäit ginn.”

Outsourcing vu staatlechen Aufgaben

HUT wier nach ëmmer eng privatrechtlech Struktur a wier een "renge Serviceprovider fir de Staat ginn". An déi selwecht Problemer géife sech warscheinlech bei villen ASBLen, bei deenen éierenamtlech Verwaltungsréit responsabel si stellen.

[...] fir eigentlech Aufgaben ze maachen, déi de Staat misst iwwerhuelen. D'Flüchtlingsbetreiung gëtt quasi outgesourcet u privat ASBLen oder Fondatiounen. An do stellt sech mengen ech éischter d'Fro, wéi mer dat wëllen an Zukunft organiséieren.”

Dat wat bei der Caritas geschitt ass, hätt a villen Associatioune kënne geschéien, esou d’Iwwerzeegung vum lénken Deputéierten. Virun esou Fraudë wiere vill ASBLen net geschützt.

D'Suite an der Caritas-Spezialkommissioun

An d'Caritas-Spezialkommissioun an der Chamber kéimen elo nach zwee grouss Acteuren, seet de Marc Baum. Dat sinn engersäits d'Banke BGL BNP Paribas a Spuerkeess, an déi politesch Responsabel, de Premier Luc Frieden, den Ausseminister Xavier Bettel an d’Justizministerin Elisabeth Margue. D’Banken an déi zoustänneg Politiker missten hire Point-de-vue kënnen duerleeën, esou de Marc Baum. Dono kéinten éischt Conclusioune gezu ginn.

“Fir mech ass awer kloer, datt et vun Ufank u vum Krisemanager Luc Frieden e Feeler war, fir ze soen: 'keen Euro un d’Caritas'. Dat heescht de Staat huet quasi vu vir eran all Optioun, déi e Weiderféiere vun der Caritas hätt kënne bedeiten, ausgeschloss. An dat ass a souwäit e Feeler, datt doduerch de Staat sech selwer Handlungsméiglechkeeten ewechgeholl huet. An et huet missen dozou féieren zu deem, wat et elo gefouert huet. An dat ass mengen ech als Krisemanager keng gutt Ausgankssituatioun.”

An der Chamber-Spezialkommissioun steet de 5. Mee een échange de vues mat de Vertrieder vun der Spuerkeess um Programm an de 7. Mee mat de Vertrieder vu BGL BNP Paribas.

Fir d’Sitzung vum 19. Mee sinn de Premier, den Ausseminister an d’Justizministerin invitéiert.

 

Lauschterenplay_arrow