Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Antonio Vivaldi - Véier Joreszäiten: Summer, Nr. 2, Op. 8, RV 315, III. Presto - Richard Galliano

play_arrow Live
opus

/ Smail Suljic: "Et ka gutt sinn, datt mir ze naiv waren"

Caritas an OGBL

Smail Suljic: "Et ka gutt sinn, datt mir ze naiv waren"

Iwwert de Sozialkonflikt bei der neier HUT ASBL seet den Zentralsekretär vum OGBL Smail Suljic, datt een den Drock an de Besoin vun de Leit géing zu honnert Prozent verstoen. Wann d'Leit deen neie Kontrakt ënnerschreiwe géingen, dann hätte si och déi voll Ënnerstëtzung vum OGBL.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

© Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Lauschterenplay_arrow

Virum Protestpiquet vun haut seet de Smail Suljic och, datt sech mam Kontakt am Krisecomité an der Regierung iwwer d'Zäit eppes geännert hätt. Virun annerhallwem Mount huet et vum OGBL nach geheescht, datt d'Gespréicher iwwert d'Zukunft vun de ronn 350 Mataarbechter:inne gutt géife lafen. Mëttlerweil huet sech dat awer geännert: Den OGBL hätt all Fuerderung am Sënn vum Personal refuséiert kritt. Och de Krisecomité hätt sech net méi oppe gewisen, fir zesummen iwwert den Transfert vum Personal bei d'ASBL HUT ze diskutéieren.

"Et ka gutt sinn, datt mir ze naiv waren", gëtt de Smail Suljic zou. Et hätt ee méi drop poche sollen, datt ee matenee schwätze soll. Den OGBL wollt ofwaarden, wat si presentéiert géife kréien.

"De Premierminister huet och gesot, d’Zil wier et, sou vill Leit wéi méiglech ze halen. Mir konnte jo net agéieren ier mir wossten, wat si eis presentéieren."

Et wier een awer nach optimistesch, fir eng Léisung ze fannen, wat d’Rechter vun de Salariéen ugeet. Wann dat bis en Dënschden, also den 1. Oktober, net de Fall wier, géif ee juristesch virgoen, sou nach de Smail Sulijc vum OGBL am 100,7-Interview.

Prezedenzfall fir aner Transfert-d'Entreprisen

Et géing ee Präzedenzfall fir aner Transfert-d'Entreprisë geschaf ginn, sou de Smail Suljic am 100,7-Interview. Leit vun aneren Entreprisë kéinte sech "dat heiten ofkucken", an esou vill Saache ëmgoen, huet den Zentralsekretär vum OGBL gemengt.

Géingen déi nei Kontrakter net dat anhalen, wat se verspriechen, da kéinten d'Leit op d'Ënnerstëtzung vum OGBL zielen.

"D'Leit hunn d'Recht, dee Kontrakt ze ënnerschreiwen. A mir soen och de Leit, wa si dat ënnerschreiwen, dann hu si och am Nachhinein all Ënnerstëtzung vun eis, sollt de Kontrakt net dat sinn, wat en am Fong hätt solle sinn." 

Et géing een och zu honnert Prozent de Besoin oder den Drock, deen d'Leit hunn, sief et mental, physesch oder och virun allem finanziell, verstoen, huet de Smail Suljic betount.

Aktualitéit
Caritas
Politik a Gesellschaft