Ee Geriicht am US-Bundesstaat North Dakota hat Greenpeace am Mäerz verurteelt ëmgerechent iwwer 600 Milliounen Euro un de Bedreiwer vun enger Pëtrolspipeline Energy Transfer an un eng Duechterentreprise ze bezuelen.
D'Repercussioune vum Urteel an den USA
Et geet ëm Protester vun der Ëmweltorganisatioun géint eng ëmstridde Pipeline an den USA. Greenpeace hat Appell ugekënnegt an hat vun engem Prozess géint d'Meenungsfräiheet geschwat.
D'Opmierksamkeet oflenken ...
De Xavier Turquin, deen zënter dem leschte September Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg ass, huet am 100,7-Interview zu de Repercussioune gesot.
"Forcément, il y en a, parce que ces procédures-bâillons sont organisées pour détourner l'attention et nous détourner de notre job. Donc oui, des répercussions, il y en a."
Et wier ee gudder Hoffnung, datt d'Demokratie gewënnt, huet de Xavier Turquin ënnerstrach. Greenpeace wier der Meenung, datt esou Plaintë respektiv Prozesser do wiere fir Ëmweltbeweegungen a Kritiker ze kriminaliséieren.
"En revanche, pour nous ONG, notamment les ONG activistes, ça nous renforce parce qu'on se nourrit de ça pour se battre, pour être les fers de lances, pour porter ce message et vous permettre, vous, médias, mais aussi les autres ONG, mais aussi les citoyens, de pouvoir s'exprimer et construire le monde dans lequel ils veulent vivre."
Wat d'Verurteelung vu Greenpeace an den USA ugeet, an déi ëmgerechent iwwer 600 Milliounen Euro Schuedenersatz, seet den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg, datt ee juristesch Avisen hätt, déi den onfaire Charakter vun dësem Prozess géife bestätegen.
"Mais évidemment, 660 millions, nous ne pouvons pas nous le permettre. En revanche, nous avons des entités juridiques différentes. Donc ça, c'est un procès qui est chez Greenpeace US. En revanche, Greenpeace International est concerné également. Mais là, heureusement encore une fois, nous avons le droit européen qui peut nous protéger et nous avons une directive anti-SLAPP qui pourra peut-être, je l'espère, fonctionner."
SLAPP steet fir Strategic lawsuits against public participation. Dobäi geet et dorëm Kritiker ë. a. anzeschüchteren.
De Xavier Turquin ass zënter dem 16. September 2024 Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg. Hien ass den Nofollger vum Raymond Aendekerk.