Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Djuna Bernard iwwer Affär Gaardenhaischen: Carole Dieschbourg gouf virverurteelt

déi gréng

Djuna Bernard iwwer Affär Gaardenhaischen: Carole Dieschbourg gouf virverurteelt

Déi gréng Politikerin Djuna Bernard geheit der CSV vir, datt se an der “Affär Gaardenhaischen” d’Onscholdsvermuddung net gëlle gelooss hätt. Déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wier virverurteelt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow

Ënnert anerem an der Chamber hat den CSV-Deputéierte Michel Wolter deemools gesot, d’Affär wier dee gréissten Ëmweltskandal, deen et jee ginn hätt. Eng Entschëllegung vum CSV-Deputéierte senger Säit wier een "Zeeche vu Gréisst an intellektueller Éierlechkeet", fënnt d‘Djuna Bernard.

„Ech wier awer iwwerrascht, wann dat géing kommen. Mee ganz sécher ass dat eng Chambersessioun, déi mech markéiert huet, an och haut nach.“

De Parquet hat d'"Affär Gaardenhaischen" jo d’lescht Woch ouni penal Suitte klasséiert.

"Politiker hu probéiert, e Mënsch ze zerstéieren"

D’Affär hätt der grénger Partei, an der Carole Dieschbourg perséinlech, immens geschuet, ënnersträicht Djuna Bernard. No der Decisioun vum Parquet kéint déi fréier Ëmweltministesch no vir kucken a wier rehabilitéiert. Obwuel si guer net hätt missen déi politesch Konsequenzen droen.

"Wat e Mënsch do packt a kann aushalen, dat ass och limitéiert, an do hu mir gesinn, wéi Politiker probéiert hu wierklech och e Mënsch ze zerstéieren."

Déi gréng Politikerin gëtt iwwerdeems nächste Mëttwoch erëm an der Chamber assermentéiert. De François Bausch huet do fir si Plaz gemaach.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Interview