Radioen

On air

Notturno  |  Joseph Horovitz - Music hall suite, III. Adagio Team - Luxembourg Brass Ensemble

play_arrow Live
opus

/ Heescheverbuet: De Parquet bleift bei senger Argumentatioun

Justiz

Heescheverbuet: De Parquet bleift bei senger Argumentatioun

De Parquet bleift dobäi: Et gëtt keng legal Basis fir déi einfach Heescherei ze verbidden. Et wier deemno kloer, datt d’Policereglement vun der Stad Lëtzebuerg um Punkt vun der Mendicitéit net duerch e Gesetz gedeckt wier.

auto_stories

3 min

headphones

18 min

Martine Solovieff | © Chris Zeien play_arrow
D'Martine Solovieff ass Procureure générale d’État. (Foto: Chris Zeien)

Am Kontext vun der Heescherei wieren och schonn eng Rei Urteeler gesprach ginn an un déi misst ee sech halen, seet d’Procureure générale d’État Martine Solovieff.

„Mir si jo an engem Rechtsstaat a mir si supposéiert d'Urteeler, déi eis Geriichter spriechen, och ze respektéieren, ob dat eis elo passt oder net. Datt mir vläicht eng aner Interpretatioun hunn, dat mag sinn, mee fir mech ass dat relativ kloer.“

Wann déi éischt Affäre géifen era kommen, géif de Parquet jiddefalls seng Responsabilitéit iwwerhuelen.

Dee Moment misst een och klären, ob d'Heescheverbuet konform zur Verfassung wier. Noutfalls misst een dat vun der Cour constitutionnelle kläre loossen, esou d’Martine Solovieff.

Comparution immédiate: Et stelle sech eng Rei praktesch Froen

Een aneren Dossier, deen d‘Justiz beschäftege wäert, ass déi sougenannt compuration immédiate, déi d‘CSV-DP-Regierung aféiere wëllt.

D‘Martine Solovieff weist op praktesch Problemer hin: Analyse vun Drogen zum Beispill, déi gemaach misste ginn oder Policerapporten, déi iwwersat misste ginn. Dat alles géif Zäit kaschten a kéint verhënneren, datt et méiglech ass Affäre bannent 24-72 Stonnen ofzewéckelen.

Do donieft géif et nach ee méi fundamentale Problem ginn. Et wier nämlech am Moment net kloer, wéi eng Kriminalitéit viséiert wier.

„Mir hunn an eisem Code pénal relativ vill Infraktiounen, déi Crimmë sinn, an et ass selbstverständlech esou, datt eng comparution immédiate net méiglech ass fir e Crime, dat kann also just fir en Delikt sinn.“

Eventuell sinn Ännerunge vum Gesetz néideg

Verbrieche wéi d‘Klaue vun engem Handy oder vun enger Kette wieren eigentlech Strofdoten, déi relativ einfach ze beweise wieren, trotzdeem si se dem Gesetz no e Verbriechen, sou d‘Martine Solovieff. An e Verbrieche kéint een am Moment net iwwer de Wee vun enger comparution immédiate jugéieren.

„Wann ee wëll deen dote Genre vun Infraktiounen duerch eng comparution immédiate jugéiere loossen, da muss ee selbstverständlech och den Code pénal reforméieren an déi eng oder aner Infraktioun dekriminaliséieren an.“

Ee weidere Sujet am Gespréich mat der Procureure générale d’État waren déi éischt Erfarunge mam Conseil national de la justice, deem seng Presidentin si ass.

Lauschterenplay_arrow


 

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft
Interview