Deklaratioun

Iran an Oman eenege sech iwwer eng Route fir de Schëffstransport am Hormus-Passage

Den Iran seet, datt ee sech mam Oman iwwer eng Route fir de Schëffstransport am Hormus-Passage eens gouf. Eng entspriechend gemeinsam Deklaratioun géif virbereet ginn, esou e Spriecher vum iraneschen Ausseministère. Eng Reaktioun vun den USA gëtt et nach net.

auto_stories

1 min

Archivfoto: D'Strooss vun Hormus | © EPA/STRINGER
Archivfoto: D'Strooss vun Hormus (Foto: EPA/STRINGER)

Washington war net direkt un dëse Verhandlungen tëschent Iran an Oman bedeelegt. Der Noriichtenagence dpa no géif d‘Route, déi den Iran an den Oman festgeluecht hunn, dem Iran däitlech méi Kontroll iwwer den Hormus-Passage ginn.

De Spriecher vum iraneschen Ausseministère huet och betount, den Accord mam Oman géif net garantéieren, datt Schëffer sécher duerch de Passage kënne fueren, dat well d‘USA weider iranesch Häfe blockéieren.