Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Georg Friedrich Händel, Georg Philipp Telemann - Concerto A Quattro a Ré Mineur, IV. Allegro - Ensemble Bradamante

play_arrow Live
opus

/ Israel bombardéiert Damaskus aus der Loft

Noen Osten

Israel bombardéiert Damaskus aus der Loft

Israel ass hënt zu Damaskus a Syrien intervenéiert. Aus der Loft gouf de Quartier vum Presidentepalais bombardéiert. Israel hat am Virfeld déi aktuell syresch Regierung menacéiert a gefuerdert, datt si déi reliéis Minoritéit vun den Druse misste schützen.

auto_stories

1 min

An de leschten Deeg koum et awer zu schwéier Gefechter tëschent Leit aus dëser Communautéit, regierungsnoe syresche Milizen a staatleche Sécherheetskräften. Et ware méi wéi 100 Leit dobäi ëm d'Liewe komm.