Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Anna Amalie von Preußen - Fugue a Ré Majeur - Ensemble Diderot

play_arrow Live
opus

/ Israel plangt Zeltlageren an der Gazasträif

Am Virfeld vu Buedemoffensiv

Israel plangt Zeltlageren an der Gazasträif

An der Gazasträif wéilt Israel grouss Zeltlageren opriichte fir d‘Zivil-Populatioun vun der Stad Rafah dohin ze evakuéieren, dat schreift de Wall Street Journal mat Verweis op Sourcen an Ägypten.

auto_stories

1 min

Palestinensesch Famille verloosse Rafah.(Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Geplangt wieren deemno 15 grouss Campe mat jeeweils 25.000 Zelter am Südweste vu der Gazasträif un der Grenz mat Ägypten. Wéinst där geplangter israeelescher Buedemoffensiv op Rafah soll e groussen Deel vun de geschaten 1,5 Millioune Palestinenser, déi virum Krich op Rafah geflücht sinn, an déi Zeltlageren evakuéiert ginn, sou de Wall Street Journal.D‘UNO an eng Partie Länner hunn Israel ausdrécklech opgefuerdert, keng Buedemtruppen zu Rafah anzesetzen, fir eng weider humanitär Katastroph ze verhënneren.

Iwwerdeems gëtt weider intensiv iwwert eng nei Waffepaus an d‘Liberatioun vu weidere Geisele verhandelt. Den Direkter vum US Geheimdéngscht CIA gëtt haut zu Kairo fir weider Verhandlungen ënnert der Vermëttlung vu Katar erwaart.