Radioen

On air

De barocke Moien  |  Louise Farrenc - Sinfonie Nr.1 an Do Mineur, Op. 32, III. Menuetto: Moderato - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Israel soll op en Neits ee palästinensescht Schoulgebai attackéiert hunn

Noen Osten

Israel soll op en Neits ee palästinensescht Schoulgebai attackéiert hunn

Aus der Gazasträif gëtt op en Neits eng israeelesch Attack op e fréiert Schoulgebai gemellt, wou palästinensesch Flüchtlingen ënnerbruecht sinn. Et wieren op d‘mannst 15 Mënschen ëm d‘Liewe komm an et géifen och Blesséierter ginn, wéi d‘Klinicke mellen. Si schwätze vun zivillen Affer.

auto_stories

1 min

Gazasträif | © picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Archivfoto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib

Déi israeelesch Arméi mellt, datt dat Gebai en Treffpunkt fir Terroriste vun der Hamas a vum islameschen Dschihad wier. D‘Doudesaffer wieren Terroriste gewiescht, déi an de leschten Deeg Rakéiten op Israel geschoss an israeelesch Truppen attackéiert hätten. 

Dem palästinensesche Gesondheetsministère no, dee vun der Hamas kontrolléiert gëtt, sinn zënter dem Ufank vum Gazakrich viru méi wéi engem Joer iwwer 42.000 Mënschen an der Gazasträif ëm d‘Liewe komm.