Den däitschen Organist Sebastian Heindl huet 27 Joer an huet scho vill Concerte weltwäit gespillt. Dank dem “Rising Star” Programm vun der European Concert Hall Organization (ECHO) trëtt hien elo a ville Concertshaiser an Europa op – Statioun haut den Owend: Philharmonie. Um Programm steet Musek vum Johann Sebastian Bach, vun der Clara Schumann, an och déi nei Kompositioun “Orck” vum däitsche Komponist Moritz Eggert. Déi ass inspiréiert vum Progressive Rock vun de 70er Joren. Och dem Sebastian Heindl seng eege Kompositiounen hunn een Hauch vu Jazz, Blues a Rockmusek. Hien huet dem Marie Schockmel méi verroden.