De Mouvement écologique kuckt ganz genee op dat, wat op der Tripartite a Saachen Energie decidéiert gouf. D’Blanche Weber gëtt net midd ze widderhuelen, datt et sech am Klimaberäich net ëm eng Kris, mee ëm eng "Katastroph" handelt: “De Klimawandel ass muer net eriwwer”
Warnunge vu virun e puer Joer gi confirméiert
D’Energietransitioun géing fir den Ament zu Lëtzebuerg net geléngen, esou de Constat vun der Blanche Weber.
“Mir scheiteren am Ablack zu Lëtzebuerg un deene banaalste Saache fir d’Transitioun unzegoen. Zu Lëtzebuerg ginn et nach Gemengen, déi eng Wärmepompel verbidden. Mir brauchen déi.”
Déi aktuell Kris géing alles confirméieren, virun deem een als Ëmweltorganisatioun scho viru Joren - zum Beispill nom Ausbroch vum Krich an der Ukrain - gewarnt hat, betount d’Blanche Weber. Et wier een nach ëmmer ze vill ofhängeg vun de fossillen Energien.
Energietransitioun gëtt vernoléissegt
Zwar géingen a Saache Wand- a Sonnenenergie vill Fortschrëtter gemaach ginn, esou d’Presidentin vum Mouveco, mee 80 Prozent vun der Energie géinge fir d’Hëtze benotzt ginn, an do wier "immens wéineg geschitt".
“Vill Leit hänken och um Gas, sinn ofhängeg, well si net genuch Suen hu fir eng Pompel. Dofir musse mir d’Wärmeplanung virundreiwen. De Prefinanzement vu Wärmepompele muss nach virum Summer op den Dësch.”
D’Blanche Weber appelléiert also un d’Regierung, d’Planung vun engem Fernwärmenetz virunzedreiwen.
Däitschland ass eis an engem Punk wäit viraus
Do wier Lëtzebuerg nach weit hannendran. Dëst ass nämlech eng Alternativ fir Leit, déi net d’Méiglechkeet hunn, sech eng Wärmepompel unzeschafen.
E komplette Reseau op d’Been ze stelle kascht awer richteg vill Suen - an Zäit. Dofir proposéiert d’Blanche Weber, datt d’Regierung eng Task force opstellt, déi d’Planung virundreift, well a 25 Joer soll kee Gas méi benotzt ginn.
“An Däitschland hunn 30, 40 Prozent vun de Gemengen e Wärmeplang, fir esou en Netz iwwerhaapt mol ze plangen. Zu Lëtzebuerg hu mir mol nach net dat.”
Energie muss abordabel sinn
Si fënnt och, datt et déi falsch Entscheedung ass, elo Suen an de Präis vum Diesel oder Bensinn ze pompelen, fir deen niddereg ze halen. Déi Sue kéint een och an d'Subventioun vun E-Autoe stiechen, mengt d’Presidentin vum Mouveco. Iwwerhaapt géing si sech froen, wou "dee ganze Frick" iwwerhaapt hierkéim.
D’Entscheedungen, déi op der Tripartite geholl goufen, wieren deemno eng Wonnerkëscht, seet d’Blanche Weber. Fir si ass d'Zil awer kloer.
“Alles, wat a Richtung Energietransitioun geet, och Stroum, muss ëmmer méi gënschteg si wéi Gas oder Masutt, fir datt mir endlech ëmdenken. Mee mir mussen och méi maache fir Leit ze entlaaschten, déi sech d’Transitioun net leeschte kënnen.”
D’Blanche Weber spillt op de Klimasozialplang un, fir deen et nach kee Budget gëtt. Fir de Gros vun de Moossname géing et mol nach keen Zäitplang ginn, kritiséiert d’Ëmweltaktivistin. Ausserdeem mengt si, datt den Ëmweltministère mol nach net opgestallt wier, fir dee Plang ëmzesetzen.
Éischt Mesurë mussen am Summer op den Dësch
D’Blanche Weber huet awer d’Gefill, wéi wann d’Tripartite probéiere géing, jiddereen zefridden ze stellen.
“E bëssen erneierbar Energie, e bëssen hei, an awer och nach fossil Energie méi bëlleg maachen. Et ass eng Géisskanpolitik.”
Et wéilt ee fir Rou an Zefriddenheet am Land suergen. Dat géing awer d’Energietransitioun net virubréngen, warnt d’Blanche Weber. Geopolitesch Spannunge wäerten et och an Zukunft nach ginn.
Si hofft just, datt een als Mouvement écologique a 5 Joer net nach déi selwecht Saache soe muss.
Den Appell un d’Regierung ass dofir kloer: "D’Regierung muss bis Summer liwweren."