Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ Zéng Joer Choeur de Chambre de Luxembourg

Antonio Grosu am Interview

Zéng Joer Choeur de Chambre de Luxembourg

De ronne Gebuertsdag feiert de Chouer mat engem Wierk, dat säi Grënner an Dirigent well virum éischte Concert programméiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

11 min

play_arrow
Choeur de Chambre de Luxembourg ënner der Direktioun vum Antonio Grosu © ccl.lu/Mircea Restea

Scho virum éischte Concert mam deemools nei gegrënnte Choeur de Chambre de Luxembourg, wousst den Dirigent Antonio Grosu, datt hien 2024 dem Anton Bruckner seng Mass a Fa Mineur wéilt op d'Bün bréngen. Elo, 10 Joer méi spéit, steet dëst Wierk zesumme mam Finale aus dem Komponist senger aachter Sinfonie an der Philharmonie op der Affiche. Datt et de Chouer well esou laang gëtt, erfëllt den Antonio Grosu mat Stolz, wéi hien am Interview beim Luc Boentges verréit. Zesumme schwätzen si iwwer de Chouer, seng Zesummenaarbecht mat der Militärmusek a seng Wënsch fir d'Zukunft vum CCL. Lass geet et awer mat engem Bléck an d'Vergaangenheet.

Lauschterenplay_arrow

De Concert ass den 10. Dezember 2024 um 8 Auer Owes an der Philharmonie:

Programm:

  • Anton Bruckner
    • Mass a Fa Mineur
    • Sinfonie Nr. 8 - Finale: Feierlich, nicht schnell

Interpreten:

  • European Academic Orchestra
  • Musique Militaire Grand-Ducale
  • Chœur de Chambre de Luxembourg
  • Antonio Grosu, Direktioun
  • Natalia Tanasii, Sopran
  • Lilia Istratii, Mezzo-Sopran
  • Mihail Mihaylov Tenor
  • Alexei Botnarciuc, Bass

Weider Detailer fannt dir hei.