Sech international vergläichen

Jonk Lëtzebuerger bei internationale Concoursen

Fir d'Maria Miteva, Enseignante fir Querflütt un der UGDA-Musekschoul, ass et wichteg, Schüler:innen op international Concoursen ze schécken. Hir Schülerin Candice huet esou och scho vill Präiser gewonnen.

auto_stories

1 min

headphones

9 min

Candice Diederich | © Christel Diederich play_arrow
Candice Diederich (Foto: Christel Diederich)

Wien zu Lëtzebuerg op de Musekschoulen a Conservatoiren en Instrument léiert, ass et gewinnt, reegelméisseg Prüfungen oder Examen ze maachen. Fir e puer geet dat awer net duer. Verschidde jonk Schüler:inne maachen och mat bei nationalen an internationale Museksconcoursen. Fir d'Maria Miteva, Enseignante fir Querflütt un der UGDA-Musekschoul, ass et wichteg dat ze erméiglechen. Hir Schülerin Candice Diederich huet 10 Joer a scho mat 8 Joer bei internationale Concourser matgemaach. Viru Kuerzem huet hatt den zweete Präis bei der "MOYSE Competition" zu Sofia a Bulgarie gewonnen. 

Déi jonk Schülerin an hir Enseignante verroden am Gespréich mam Marie Schockmel méi. 

Lauschterenplay_arrow