Album vun der Woch

Juana Molina - Doga

Aus 30 Stonne Musek huet déi argentinesch Kënschtlerin Juana Molina hiren 8. Album “Doga” erschaaft. Als “Bricolage” hat de bekannte Museksblog Pitchfork eemol der Juana Molina hir Aarbecht beschriwwen. De Begrëff, deen op Lëtzebuergesch e bëssen ofschätzeg kléngt, passt awer u sech ganz gutt.

auto_stories

2 min

Juana Molina | © Verena Algranti
Juana Molina (Foto: Verena Algranti)

Mat analoge Synthesizer a Sequencer experimentéiert déi 1961 zu Buenos Aires gebuere Sängerin a Songschreiwerin fir e Sound ze erschafen, deen a kee Genre richteg passe wëll. En ass gläichzäiteg digital, awer net onperséinlech, hir Kläng hu Matière an Textur, si paken engem seng Opmierksamkeet a féieren duerch Lidder, déi haaptsächlech op Loops opgebaut sinn.

2020 hat d’Juana Molina mat hire Bandkolleegen Odín Schwartz a Pablo González hiren éischte Live-Album “ANRMAL” opgeholl. Dono hat si Loscht einfach fräi ze experimentéieren an ze jammen. Aus deem fräie Schaffen ass dann eng ganz grouss Sammlung un Iddien a Skizzen entstanen.

Faszinéierenden a beréierende Klangkosmos

D’Juana Molina hat all Méi fir duerch déi vill Stonne Material ze siften. Gehollef huet dobäi de Produzent Emilio Harro. Ee Moment stoung de Plang am Raum en Triple-Album erauszebréngen, um Enn ass “Doga” awer eng ganz konzentréiert Plack mat nëmmen zéng Titele ginn, déi net wierken, wéi wa se aus enger grousser Wurrel entstane wieren. Een Titel heescht hei dann och “intringulado” also “verwurrelt”.

Ob méi dynamesch wéi am Titel “la paradoja”, bal poppeg wéi op “siestas ahí” oder verdreemt wéi op “caravanas”, der Juana Molina hire Klangkosmos faszinéiert a beréiert gläichzäiteg. Hir Stëmm ass dacks verfriemt, déi spuenesch Texter sinn och fir Leit, déi d’Sprooch schwätzen, net ëmmer verständlech, well se wéi eng zousätzlech instrumental Spuer an d’Kompositioun afléissen.

Weder geografesch nach zäitlech anzeuerdnen

Ugefaangen huet d’Juana Molina hire Parcours iwweregens als Schauspillerin um argentinesche Fernsee. Dës duerchaus erfollegräich Karriär huet si opginn, fir hire Wee léiwer als Musekerin ze maachen. Hiren éischten Album gouf produzéiert vum Gustavo Santaolalla, deen een duerch seng Soundtracks kennt, notamment fir dem Walter Salles säin “The Motorcycle Diaries”. Déi Plack gouf awer kee Succès, well de Publikum an hirer Heemecht e bësse Schwieregkeeten hat d’Juana Molina an där neier Roll ze akzeptéieren. Sou ass si fir d’éischt ausserhalb vun Argentinie bekannt ginn, notamment a Japan.

Mat “Doga” ass hir eng Plack gelongen, déi sech weeder geografesch nach zäitlech anuerdne léisst. Aus ville lasse Fiedem huet d’Juana Molina e ganz schlëssegt an awer iwwerraschend Wierk geschaf.