60 an 175 Joer Chouergeschicht!

Jubiläumsconcert vum Méchelschouer an dem Madrigal du Luxembourg

Zwee Chéier, zwee Historiquen an zwee Jubiläen. Alles dat gëtt bei engem gemeinsame Concert vum Madrigal du Luxembourg an dem Stater Méchelschouer gefeiert.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

Gerry Welter | © Radio 100,7 play_arrow
Gerry Welter (Foto: Radio 100,7)

Eemol 175 Joer an eemol 60 Joer feieren de Stater Méchelschouer an de Madrigal du Luxembourg mat engem gemeinsame Concert dëse Sonndeg den 18. Mee 2025 Owes an der Kierch um Houwald. 
Esou eng laang Chouertraditioun bitt dann och vill Input, déi lescht Joerzéngte Revue passéieren ze loossen. Ma och ze kucken, wéi et der Lëtzebuerger Chouer-Zeen aktuell geet a wéi eng Erausfuerderungen an Zukunft waarden. 


Doriwwer huet sech de Lex Kauffmann zesumme mat den Dirigente Jochen Schaaf a Gerry Welter vun den zwee Chéier ënnerhalen.

Lauschterenplay_arrow

Hei fannt dir d'Informatiounen zum Jubiläumsconcert.