De Julius Eastman ass en exzentreschen an héichbegaabte Museker gewiescht, dee vill ze frei, quasi onbemierkt a komplett veraarmt, 1990 am Alter vu 50 Joer gestuerwen ass.
Hien huet mam Pierre Boulez, John Cage a Meredith Monk enk zesumme geschafft an huet bei villen Saache radikal Usiichte vertrueden. Ëmmer provozéierend, awer genial. An hirer Serie Sequenza: Black Classical Music mécht d'Maria Gutierrez e Portrait vun dëser beandrockender Perséinlechkeet.