Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Richard Wagner - Virspill zu 'Die Meistersinger von Nürnberg' (Oper) - Sinfonieorchester Liechtenstein, Riccardo Chailly (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Juristesch Néierlag fir de Gerson Rodrigues och op der Cour d’appel

Geriicht

Juristesch Néierlag fir de Gerson Rodrigues och op der Cour d’appel

An zweeter Instanz gouf um Donneschdeg d’Urteel aus der éischter Instanz géint de Fussball-Nationalspiller confirméiert. Et bleift deemno bei 18 Méint Prisong mat Sursis probatoire fir de Gerson Rodrigues, woubäi d’Oplag am Indemniséiere vun den Affer besteet, a bei enger Geldstrof vu 1.500 Euro.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© E. Schittenhelm / Adobe Stock play_arrow
(Foto: E. Schittenhelm / Adobe Stock)

De Fussball-Nationalspiller hat wéinst Coups et blessures volontaires an 3 Fäll, tëscht Mäerz 2019 an November 2022, a wéinst Beleidegung vu Polizisten de Prozess gemaach kritt; de Stiermer soll ë.a. séng Ex-Frëndin geschloen hunn. Dofir blouf et och an zweeter Instanz bei 18 Méint Prisong mat Sursis probatoire; d’Oplo besteet am Indemniséiere vun den Affer. 

Affer kritt 300 Euro méi Schuedenersatz ewéi an éischter Instanz

Déi zweet Riichtere sinn domat dem Réquisitoire vun der Vertriederin vum Parquet général nokomm. Déi hat de leschte Mount am zweete Prozess an de groussen Zich eben d’Confirmatioun vum éischten Urteel gefuerdert. Si hat just gefrot, datt d’Geldstrof fir de Profi, dee fir säin zweete Prozess op d’Cour d’appel komm war, vu 1.500 op 2.000 Euro sollt gehéicht ginn. Op dee Wee sinn déi zweet Riichteren awer net matgaangen. Si hunn allerdéngs der Ex-Frëndin 2.750 Euro Schuedenersatz zougesprach, wat eppes méi wéi 300 Euro méi sinn, ewéi an éischter Instanz. Fir de Rescht hunn d’Appellsriichter d’Coups et blessures volontaires zeréckbehalen.

Iwwert dat Urteel war de Me. Lehnen, Affekot vum Gerson Rodrigues, am Nomëtten net begeeschtert. 

 “Wann ee bedenkt, datt d’Ausgangspositioun déi war, fir vun deenen 3 Faiten am Fong zwee Acquittementen ze plädéieren an awer elo eng Confirmatioun vun deene Condamnatiounen, déi an 1. Instanz gesprach goufen, hei kritt, dann ass een natierlech enttäuscht, wat d’Resultat ugeet.”

Affekot vum verurteelten Täter hat e Fräisproch verlaangt 

Et géif ee kucken, wéi d’Appellsurteel begrënnt ass, an iwwer eventuell weider Schrëtt nodenken. Deemno ass e Gank op d’Cassatioun net ausgeschloss, fir de Fall, datt e Rechtsfeeler virléich. Sollt dat net de Fall sinn, wier soss näischt ze maachen, sou de Me. Lehnen. Deen, wéi hie sot, nom Appellprozess net onbedéngt vun enger Confirmatioun vum éischten Urteel ausgoung. 

 “Well et gëtt awer Elementer am Dossier, déi menger Meenung no net duer géife goen, fir eng Condamnatioun ze spriechen. Do waren awer verschidde Voleten, och bei den Enquêten, net gutt instruéiert ginn. Dat ass och vum Parquet général relevéiert gi wärend de Plaidoyeren." 

Dowéinst hat den Affekot vum Fussball-Nationalspiller e Fräisproch verlaangt: Dozou koum et haut awer net. 

Lauschterenplay_arrow