Fussball

UEFA erhéicht den Drock op FIFA-President Infantino an dreet mat juristesche Schrëtt

Nodeems dem FIFA-President Gianni Infantino seng Pläng fir privat Investissementer bei FIFA-Competitiounen, wéi enger Weltmeeschterschaft, gescheitert sinn, erhéicht d'UEFA weider den Drock op de Schwäizer. 

auto_stories

1 min

De UEFA-President Aleksander Čeferin (l.) mam FIFA-President Gianni Infantino (r.) | © picture alliance / The Press | KAI SCHWOERER
De UEFA-President Aleksander Čeferin (l.) mam FIFA-President Gianni Infantino (r.) (Foto: picture alliance / The Press | KAI SCHWOERER)

Dem Gianni Infantino seng Pläng fir privat Investisseure fir FIFA-Competitiounen zouzeloossen ass zwar vum Dësch, mee den europäeschen Daachverband UEFA iwwerleet trotzdeem juristesch Schrëtt anzeleeën.

Deemno hätt ee bei der UEFA de Verdacht, datt den Infantino, wéi och Geschäftspartner kéinte Beweiser vernichten.

D'UEFA hätt den Gianni Infantino dozou opgeruff all d'Dokumenter vun den Investitiounspläng ze halen. Deen Appell goung och un den Technologieinvestor Joshua Kushner, deen eng grouss Roll beim Projet sollt anhuelen.

De Joshua Kushner ass iwwregens dem Jared Kushner (Den Edem vum Donald Trump) säi Brudder.

Éischt Verbänn stelle sech géint den Infantino

D'Fussballwelt, besonnesch déi europäesch, stellt sech ëmmer méi géint de 56 Joer ale Schwäizer. Elo huet de walisesche Fussballverband dem Gianni Infantino d'Zoustëmmung fir d'Wal vum FIFA-President 2027 entzunn. Déi ass am Mäerz am Maroc an gält eigentlech als Formalitéit, well den amtéierende FIFA-Chef bis ewell deen eenzege Kandidat ass.

De Gros vun den 211 FIFA-Memberen ënnerstëtzt de Schwäizer den Ament awer. D'Fro ass wéi laang nach. De serbesche Verband seet iwwerdeems, datt et op där Positioun onbedéngt en Neiufank bréicht.