E neit Liewen fir een historescht Instrument
De Violone war ee wichtegt Instrument an der Renaissance an am Barock. An zanterhier héiert een dat historescht Instrument meeschtens am Hannergrond vun Ensembelen. A genee dat hunn den Ismael Campanero an den Daniel Oyarzábal elo geännert. Si hunn dësem Instrument, wat laang am Schied gelieft huet, een neit Liewe ginn, eng nei Opportunitéit.
Eng duebel Verbonnenheet
Net nëmmen tëscht deenen zwee Museker ass eng gutt Energie. Och bei de Wierker war et hinne wichteg, eng Verbonnenheet ze spieren. De Fokus leit op der Zäit vum Barock. Mat dobäi sinn ënnert anerem Stécker vum Antonio Vivaldi, Johann Sebastian Bach an Henry Purcell.
D’Sich no der passender Musek war ee laange Prozess vun “Trial and Error”, mee et huet sech definitiv gelount. D’Resultat: ee rockege Barock, oder einfach Ba-Rock. Alles an allem ass dëst een Album, dee voller Energie stécht an dee sech och vun anere Barock-Alben däitlech ënnerscheed.
Dësen Album war de Klassik-Album vun der Woch vum 9. Oktober 2023