Radioen

On air

De barocke Moien  |  

play_arrow Live
search

/ Eng héich emotional Opnam vum Bach senge Suite fir Cello.

Klassik Album vun der Woch

Eng héich emotional Opnam vum Bach senge Suite fir Cello.

De portugiseschen Cellist Filipe Quaresma huet dem Johann Sebastian Bach seng sechs Suite fir Cello an engem Klouschter zu Porto opgeholl. An dat op engem Montagnana Cello aus dem 18. Joerhonnert.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Eng Léift fir den Detail

Fir säin neien Album Bach Cello Suite opzehuelen ass de Filipe Quaresma an de Klouschter vu São Bento da Vitória gaangen, eng Plaz mat enger ganz spezieller Akustik. Hie krut e sechssäitegen Cello geléint, deen 1720 vum Luthier Domenico Montagnana gebaut ginn ass. D'Instrument huet fréier der Guilhermina Suggia gehéiert, eng vun deenen éischten Cellistinen mat enger professioneller Carrière.

Authentesch opgeholl

Bei engem Stéck spillt de Quaresma zwar op e modernen, fënnefsäitegen Cello, dofir benotzt hien awer Säiten aus Daarm an eng Replik vun engem Bou aus dem 18. Joerhonnert. Fir déi Stécker, bei deenen d'Originalmanuskripter net méi existéieren, studéiert hien déi puer Kopien, déi et nach gi fir eng Spillweis ze fannen, déi historesch esou authentesch ass, wéi nëmme méiglech.

En Album voller Emotiounen

De Filipe Quaresma widmet den Album sengem 2022 verstuerwene Papp. Et ass eng Musek, déi mat déiwen Emotioune gespillt gëtt: et héiert een de Quaresma deelweis mat ootmen. Den Cellist beschreift de Prozess vun der Opnam selwer als eppes Spirituelles, Meditatives an Transzendentales.

Lauschterenplay_arrow