Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Kaja Kallas op Visitt zu Kiew - Méiglech Sanktioune géint Georgien

1. Schaffdag vun der neier EU-Kommissioun

Kaja Kallas op Visitt zu Kiew - Méiglech Sanktioune géint Georgien

Haut um 1. Dezember ass den offiziellen éischte Schaffdag vun der neier EU-Kommissioun mat der Presidentin Ursula vun der Leyen. A fir den Ufank vun hirem Mandat ass um Sonndegmoien déi nei europäesch Chefdiplomatin Kaja Kallas op Kiew gereest, zesumme mam neie Conseilspresident Antonio Costa. Si wëllen der Ukrain hir Solidaritéit am russeschen Ugrëffskrich ausdrécken.

auto_stories

1 min

© Haut um 1. Dezember ass den offiziellen éischte Schaffdag vun der neier EU-Kommissioun mat der Presidentin Ursula vun der Leyen. A fir den Ufank vun hirem Mandat ass um Sonndegmoien déi nei europäesch Chefdiplomatin Kaja Kallas op Kiew gereest, zesumme mam neie Conseilspresident Antonio Costa. Si wëllen der Ukrain hir Solidaritéit am russeschen Ugrëffskrich ausdrécken.
Foto: European Union

Bei där Visitt de Moien zu Kiew waren direkt awer och d‘Onrouen a Georgien een Theema. Den drëtten Owend hannertenee goufen et gëschter um Samschdegowend virulent Protester géint d‘Regierung, déi en Donneschdeg decidéiert hat, d‘Bäitrëttsverhandlunge mat der EU op Eis ze leeën.

Op en neits koum et bei dëse Protester zu Zesummestéiss mat der Police. D‘EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas sot an der ukrainescher Haaptstad, datt d‘EU méiglecherweis Sanktioune géint Georgien decidéiert, wann de Regime weider fiert mat der Gewalt géint friddlech Demonstranten.