Radioen

On air

Notturno  |  Claude Debussy - Sonat fir Cello a Piano - Armance Quéro (Cello), Joseph Birnbaum (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Kanner mat Léierschwieregkeete kommen am aktuelle System un hir Limitten

Claude Meisch zur Rentrée

Kanner mat Léierschwieregkeete kommen am aktuelle System un hir Limitten

D‘Inklusioun vu Schüler mat spezifesche Besoine géif punktuell un hir Limitte kommen. Dee Constat mécht den Educatiounsminister Claude Meisch haut um Dag vun der Rentrée an der Grondschoul. Am 100,7-Interview sot hien, datt misst driwwer nogeduecht ginn, och mol separat mat de betraffene Kanner ze schaffen. An et misst ee sech d‘Fro stellen, firwat ëmmer méi Schülerinnen a Schüler betraff sinn. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: MENEJ

Et ginn ëmmer méi Kanner, déi eng méi enk Betreiung brauche fir duerch d‘Schoul ze kommen, an dat mécht den Enseignantë Suergen. Dorop hunn d‘Gewerkschaften an der Lescht méi dacks insistéiert. Firwat dat esou ass, freet och den DP-Educatiounsminister sech a mécht déi heiten Analys:

"A wa mir Kanner hunn, déi opfälleg sinn a mam System Schoul net méi eens ginn, denke mir, datt dat iergendwou eppes ze dinn huet, datt déi sozial Medien an de Smartphone sou eng Presenz am Liewe vum Kand hunn."

Den ugekënnegten Handyverbuet am Klassesall ass also eng Konsequenz, mee domat net genuch. D‘Integratioun vu Kanner mat grousse Léierschwieregkeeten a Verhalensopfällegkeeten am reguläre System géif zäitweis un hir Grenze stoussen, sou de Claude Meisch. Do géif hien dem Léierpersonal an hirer Vertrieder recht ginn an do misst ee reagéieren.

"Kucken, wat sinn déi Limitten, wéini si mir op der Limitt a wéini musse mir vläit och mol een anere Wee mam Kand goen, d'Kand awer vläit eng Kéier temporär aus der Schoul eraushuelen, fir dann anescht mat him ze schaffen, souwuel schoulesch wéi och therapeutesch."

Kompetenzzenteren ausbauen ass eng Prioritéit

En attendant bleift et eng Prioritéit, d‘Kompetenzzenteren auszebauen, wou Schülerinnen a Schüler komplementär zum Unterrecht vun enger pluridisziplinärer Ekipp kënnen ënnerstëtzt ginn. Och iwwert dee Wee soll déi regulär Schoul entlaascht ginn.

"Ech war leschte Freideg ee Grondstee leeën. Et wäerten och am Laf vum Schouljoer der nach 3 opgoen a mir plangen och un engem fir de Secondaire, deen am nächste Schouljoer wäert opgoen."

Wat d‘Handyverbuet ugeet, sou wäert deemnächst un engem neie Reglement geschafft ginn. De Message wier awer elo schonn un d‘Elteren, de Kanner bis 12 Joer keen Handy ze ginn, weder doheem nach an der Schoul. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun