'Roller Coaster: Super 8' ass eng Optraachskompositioun aus dem Joer 2013 vun der Norrlandsoperan zu Umea an Nordschweden, déi als fräie Commentaire iwwert dem Beethovne seng aacht Sinfonie sollt wierken. Firwat sech d'Achterbunn 'Super 8' aus engem Fräizäitpark vu Göteborg mat an d'Kompositioun integréiert huet, verréit d'Katarina Leyman dem Christophe Mirkes no der Lëtzbuerger Première vum Wierk, um Erëffnungsconcert vum Orchestre de Chambre du Luxembourg senger 50.Saison an der Philharmonie.