Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Franz Schubert - Sinfonie Nr.5 a Si bémol Majeur, D 485, III. Menuetto. Allegro molto - B'Rock Orchestra, René Jacobs (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Kee Barock, mee Ba-Rock

Klassik Album vun der Woch

Kee Barock, mee Ba-Rock

Viru ronn siwe Joer hunn den Ismael Campanero an den Daniel Oyarzábal sech kenne geléiert. Deemools si si zesumme mat anere Museker opgetrueden. An elo spillen déi zwee zesummen am Duo. A net nëmmen hir Zesummenaarbecht ass nei. Mat hirem Album “The New Violone” hunn déi zwee eppes gemaach, wat virdrun net existéiert huet: en Album ophuelen, op deem d’Instrument vum Violone am Virdergrond steet. Op deem spillt den Ismael Campanero, an den Daniel Oyarzábal ass um Cembalo an op der Uergel.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

play_arrow

E neit Liewen fir een historescht Instrument

De Violone war ee wichtegt Instrument an der Renaissance an am Barock. An zanterhier héiert een dat historescht Instrument meeschtens am Hannergrond vun Ensembelen. A genee dat hunn den Ismael Campanero an den Daniel Oyarzábal elo geännert. Si hunn dësem Instrument, wat laang am Schied gelieft huet, een neit Liewe ginn, eng nei Opportunitéit.

Eng duebel Verbonnenheet

Net nëmmen tëscht deenen zwee Museker ass eng gutt Energie. Och bei de Wierker war et hinne wichteg, eng Verbonnenheet ze spieren. De Fokus leit op der Zäit vum Barock. Mat dobäi sinn ënnert anerem Stécker vum Antonio Vivaldi, Johann Sebastian Bach an Henry Purcell.

D’Sich no der passender Musek war ee laange Prozess vun “Trial and Error”, mee et huet sech definitiv gelount. D’Resultat: ee rockege Barock, oder einfach Ba-Rock. Alles an allem ass dëst een Album, dee voller Energie stécht an dee sech och vun anere Barock-Alben däitlech ënnerscheed.

Lauschterenplay_arrow