Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  

play_arrow Live
opus

/ Keng Angscht virum Raffaele Fitto

CHRISTOPHE HANSEN AM INTERVIEW

Keng Angscht virum Raffaele Fitto

Als EU-Kommissär fir d’Landwirtschaft ass de Christophe Hansen dem ëmstriddene Raffaele Fitto, engem vun de Vizepresidente vun der EU-Kommissioun, ënnerstallt. Déi Positioun géif iwwerschat, esou den CSV-Politiker. Jidder Member vun der Kommissioun hätt déi nämmlecht Rechter.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow

De Christophe Hansen war nervös e Mëttwoch, dat huet hien direkt nom Vott am Europaparlament zouginn. Och positiv nervös doriwwer, datt et elo lass ka goen.

"Mir hu vill Erausfuerderungen um geopoliteschen Terrain. Mir hate bëssen e Stëllstand elo. Do war et wichteg, datt mer endlech an d'Gäng kommen. An ech freeë mech drop, fir elo mat Vollgas lasszeleeën."

Esou den CSV-Politiker a sengem éischten Interview als EU-Agrar-Kommissär.

Zesumme mat deenen aneren EU-Kommissären an der Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen krut hie gréng Luucht am Europaparlament. No engem Vott, dee méi enk war wéi erwaart.

"Méi wichteg wéi jee, konstruktiv Majoritéiten op d’Been ze stellen"

D'Ursula von der Leyen hat zwar kloergestallt, datt si mat enger pro-europäescher Koalitioun wéilt zesummeschaffen. Deeler vun de Sozialisten an och vun deene Gréngen hunn nawell net fir hir nei Ekippe gestëmmt. Si reprochéieren der CDU-Politikerin an och hirer Europäescher Vollekspartei, datt si mat Koalitioune riets vun der Mëtt spillen.

"Dat ass net hëllefräich, well ech mengen et ass méi wichteg wéi jee, datt mer eng konstruktiv Majoritéit hei am Europaparlament op d'Bee kréien. Dat ass keng Selbstverständlechkeet. An dofir muss ee kucke fir d'Politique politicienne elo op der Säit ze loossen an op der Substanz ze schaffen."

Seet dozou de Christophe Hansen.

Mat riets stëmmen - "kee Kompass fir d'Zukunft"

Op eenzele Punkte mat extreeme Parteien ze stëmmen dierft net de "Kompass fir d'Zukunft sinn", esou déi diplomatesch Ausso vum CSV-Politiker.

"Verschidde Fraktioune wäerte vläicht tendéiert sinn, op eenzelen Amendementer mat menger Fraktioun ze stëmmen. Mee ech mengen en fin de compte wësse mer, datt souwuel déi extreem riets wéi extreem lénks ëmmer géint Texter stëmmen, géint de Progrès stëmmen. An dofir kann ee sech op déi net verloossen."

Ee Feeler, d'EU-Gesetz fir d'Protektioun vun de Bëscher nees opzemaachen

D'EVP hat awer just dat gemaach, wéi si virun zwou Wochen decidéiert hat, sech mat Rietse Parteien zesummenzedinn, fir eng Majoritéit dofir ze kréien dat scho fäerdeg verhandelt Gesetz fir d'Protektioun vun de Bëscher nees ofzeschwächen.

"Dat ass ganz kloer a mengen Aen e Feeler gewiescht, deen Text nach eng Kéier opzemaachen, seet dozou deen neie Kommissär fir d’Landwirtschaft, deen ausgerechent dem ëmstriddenen EU-Kommissär fir d’Kohäsioun, dem Raffaele Fitto ënnerstallt ass."

Funktioun vum Vizepresident gëtt iwwerbewäert

Den Italieener ass Member vun der postfaschistescher Fratelli d'Italia Partei. Hie gouf géint de vehemente Protest vun de Sozialisten, de Liberalen, deene Gréngen an deene Lénken am Parlament vun der Ursula von der Leyen op de Poste vun engem Vizepresident gesat.

Ee Posten, deen e bëssen iwwerschat gëtt, mengt de Christophe Hansen.

"Et ass geschichtlech sou gewuess, datt et déi vill Vizepresidente gëtt, fir déi verschidde Fraktiounen iergendwou roueg zes tellen. Mee ech fannen, datt dat Konzept oder déi Funktioun eigentlech iwwerbewäert ass par Rapport zu deem, wéi et an der Realitéit soll funktionéieren."

Seng nei Cheffin, d'Ursula von der Leyen, géing net midd ze betounen, datt all d'Kommissären déi selwecht Rechter hunn, dat géif och d'Vizepresidente mat aschléissen.

Visioun bannent 100 Deeg ausschaffen

E Méindeg fänkt déi nei Kommissioun u mat schaffen. Um Christophe Hansen sengem Dësch läit schonn ee Koup Aarbecht. Bannent 100 Deeg soll de Landwirtschaftskommissär eng Visioun fir d'Zukunft vun der europäescher Landwirtschaft ausschaffen.

"Do muss ech mat ganz ville Leit den Dialog sichen. Dat ass eng Suite vum Dialogue Strategique iwwer d'Zukunft vun der Landwirtschaft. Mir wäerten en Appell d'offre lancéieren, fir datt d'Vertrieder vun der Landwirtschaft, mee awer och vun den Ëmweltorganisatiounen, Akademiker, sech melle kënnen, fir matzeschaffen. Deen Dialog ass eng Plattform, fir déi méi schwiereg Froen, wann et ëm d'Erreeche vu Klimaziler geet. Dat muss ee mat den Acteure vum Terrain maachen. Net nëmmen déi eng géint déi aner. Do muss een zesumme Méiglechkeeten erausfannen. An dat wäerten déi éischt grouss Punkten a menger Aarbecht sinn."

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.