Den US-President Donald Trump huet säin enkste Beroder ausgewiesselt: De Stephen Miller ass neien Directeur de cabinet, also "Stabschef". Dee Wiessel kënnt duerchaus iwwerraschend, well hien als Personnage mat extreeme politeschen Usiichte gëllt.
E weideren Hardliner am Wäissen Haus
De Steffen Miller ass e politeschen Hardliner a gëllt als den Haapt-Initiateur vun der Politik vun de Massenausweisunge vu Migranten.
Dobäi ass de MAGA-Mouvement, deen esou Iddien och vertrëtt, bei de rezente Midterms nach vun der Wieler:innen ofgestrooft ginn.
Hien iwwerhëlt de Poste vun der Susie Wiles, déi als eng vun den eenzege Regierungsmemberen als éischter moderat konnt agestuuft ginn.
Den Aufgabeberäich vum Stephen Miller war bis elo déi bannescht Sécherheet. Hie steet dem Donald Trump schonn zënter Laangem un der Säit a vertrëtt déi selwecht Ideologien.
Mächtegste Mann zu Washington nom President?
De Stephen Miller war elo scho Vizedirekter vum Cabinet. De Stabschef ass de wichtegste Mataarbechter vum amerikanesche President. Hie gëtt gären den zweetmächtegste Mann zu Washington genannt.
Der New York Times no soll et och de Stephen Miller gewiescht sinn, deen d'Iddi hat, Migrantefamillen un der Grenz ze trennen.
Ausserdeem ass hien ee vun den Haapt-Responsabele vun der Annulatioun vu villen US-Flüchtlingshëllef-Programmer.
Den Demokratesche Fraktiounschef am Representantenhaus Hakeem Jeffries huet de Miller als "geféierlechen, auslännerfeindlechen a récksiichtslosen Extremist" beschriwwen.
Verschidde Medie schwätze bei deem Wiessel vum Stabschef dofir och vun enger politescher Provokatioun.
De Stephen Miller ass och schonn op Widderstand gestouss
Dem Stephen Miller seng Aart a Weis ass allerdéngs och schonn op Widderstand gestouss. Wéi am Januar vun dësem Joer den US-Amerikaner Alex Pretti zu Minneapolis vun ICE-Beamten erschoss gouf, huet de Miller de Pretti als "inlänneschen Terrorist" beschriwwen.
Dat Ganzt huet allerdéngs eng Protestwell uechter d'USA ausgeléist an de Stephen Miller huet missen zeréckrudderen an d'Razzie vun den ICE-Beamte reduzéieren.
ICE ass déi US-amerikanesch Immigratiounspolice, déi ënner dem Trump fir hir brutal Virgoensweis enorm an der Kritik steet.
Den éischte vu ville Changementer?
Et kéint den Ufank si vun enger Rei Changementer an der republikanescher Partei. Verschidde Medie berichten, datt ënner anerem de Vizepresident JD Vance an den Ausseminister Marco Rubio iwwer hir politesch Zukunft nodenken.
Rezent huet den JD Vance op X de Krich am Iran kritiséiert. De Rubio gëllt iwwerdeems a méi moderate Kreesser vun de Republikaner als eenzege valabele Kandidat fir d'US-Presidentschaftswalen 2028.
Zwee zéi Joer stinn an der US-amerikanescher Politik bevir
Bei den US-Kongresswale virun e puer Deeg ass et zu enger Bloer Well komm: D'Demokraten hu souwuel de Senat, wéi och d'Representantenhaus zeréckgewonnen. Dat och duerch deels historesch Victoirë wéi am Kansas oder am Mississippi.
Doduerch ass dem Donald Trump seng Handlungsfäegkeet fir seng lescht zwee Joer am Amt limitéiert. D'Demokrate kënne vun elo un Enquêtë géint den Donald Trump an d'Weeër leeën oder och Gesetzespropose blockéieren.
Den US-President huet allerdéngs och ëmmer e Veeto-Recht. Ausserdeem huet de Kongress a Saachen Aussepolitik och bal keen Afloss.
Et wäerten also zéi zwee Joer ginn. D'Amerikaner nennen dës Situatioun ee "grid lock".