Klassik Aktuell

Kinnekswiss loves

Dëse Samschden, owes um 9 Auer wandelt sech d'Kinnekswiss an der Stad an e Concertssall. D'Lëtzebuerger Philharmoniker spillen hire leschte Concert vun der Saison an hire leschte Concert ënner dem Gustavo Gimeno als Chefdirigent.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Kinnkeswiss loves... mat de Lëtzebuerger Philharmoniker | © Alfonso Salgueiro play_arrow
Kinnkeswiss loves... mat de Lëtzebuerger Philharmoniker (Foto: Alfonso Salgueiro)

Ënner dem Motto Kinnekswiss loves... spillen d'Lëtzebuerger Philharmoniker dëse Samschden um 9 Auer owes hire leschte Concert mam Gustavo Gimeno als Chefdirigent an och de leschte Concert vun dëser Saison am Stater Park. Mat dobäi sinn déi US-Amerikanesch Star Mezzo-Sopranistin Joyce DiDonato esou wéi den Nowuesstalent, d'Schwäizer Sopranistin Chelsea Zurflüh. D'Marie Trussart erzielt dem Joé Birchen méi iwwer de musikalesche Programm vum Owend.

Lauschterenplay_arrow