Huelt Är Picknicksdecke mat a genéisst e gratis Concert ënner fräiem Himmel. Kinnekswiss loves.... ass all Joer am Park vum selwechte Numm, matzen an der Stat. Niewent lokale Kënschtler wéi dem R&B Kënschtler Edsun oder dem Singer-Songwriter Josh Island gëtt et och eng Rei Concerte fir iech Klassiksfans. Ënner anerem d'Fondation EME mat engem interaktive Concert. D'Marie Trussart gëtt en Iwwerbléck vun deene Concerten, déi een op kee Fall sollt verpassen.