Radioen

On air

Musikalesch Häpperecher  |  Louise Farrenc - Ouverture Nr.2 a Mi bémol Mineur, Op. 24 - Solistes Européens, Luxembourg, Christoph König (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Keng Summerpaus

KLASSIK AKTUELL

Keng Summerpaus

Am Summer sinn d'Concerts de midi vun der Stad Lëtzebuerg am Park vun der Villa Vauban. Och an der Vakanz geet de Programm mat 4 Concerte weider.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

2024 | © © radio 100,7 (Jo Diseviscourt) play_arrow
Serge Kieffer, Organisateur Concerts de midi VdL (Foto: © radio 100,7 (Jo Diseviscourt))

D'Concerts de midi vun der Stad Lëtzebuerg maache keng Summerpaus. Déi véier Concerten, déi an der grousser Vakanz statt fannen, gi just vu bannen no baussen an de Park vun der Villa Vauban verluecht. Deementspriechend gëtt de Programm an d'Instrumentéierung op d'open-air Situatioun ausgeriicht. 

De Serge Kieffer, deen d'Concerts de midi plangt, huet dem Christophe Mirkes am Interview verroden op wat beim Choix vun de Concerten grousse Wäert geluecht gëtt. A virun allem, wat de Plang B ass, wann d'Wieder net mat mécht.

Lauschterenplay_arrow