Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Ludwig van Beethoven - Sinfonie Nr.5 an Do Mineur, Op. 67 "Schicksal", I. Allegro con brio - Ensemble Reflektor, Thomas Klug (Dir.)

play_arrow Live
search

/ Kloer Stëmmen an der Däischtert

KLASSIK-ALBUM VUN DER WOCH // LIVE A RESONANZEN UM 14:40

Kloer Stëmmen an der Däischtert

De Kammerchouer Skylark huet en Album mat enger hautzedaags ganz aktueller Thematik erausbruecht.

auto_stories

33 min

headphones

7 min

play_arrow

Lauschterenplay_arrow

‘Clear Voices in the Dark’ heescht den neien Album vun deem amerikanesche Kammerchouer Skylark. Den Ensembel erënnert programmatesch un zwee tragesch Kricher: engersäits den amerikanesche Biergerkrich, anerersäits den Zweete Weltkrich. Musikalesch dréckt sech dat a Lidder aus dem Biergerkrich an dem Zyklus ‘Figure Humaine’ vum Francis Poulenc aus. Grad an dësen Zäiten ass den Album thematesch leider héichaktuell. Musikalesch huet en seng Stäerkt virum allem an den Interpretatioune vu Skylark, deen et fäerdegbréngt, zwee ganz verschidde Genrée beieneen ze bréngen.