Virun 10 Joer hätt een den éischte Pilotprojet fir en E-Bus lancéiert, esou de Patrick Golschmidt. 2025 wiere geschate 40 Millioune Passagéier mam Stater Bus gefuer. Trotz dem Tram wieren d'Zuelen deemno net réckleefeg, heescht et am Joresbilan vum der Stad Lëtzebuerg.
Leit huele wéinst den héije Spritpräisser méi dacks de Bus
Et géif een eng Korrelatioun tëschent der Hausse vun de Spritpräisser uganks Mäerz an der Unzuel u Passagéier beim Bus erkenne, esou de Responsaablen vum Service Autobus Lex Bentner.
"Mir hunn e kloren Ustig vun der Unzuel vun den Usagerë bei eis um Netz fest kënne stellen. An dat ab deem Moment, wou déi Präisser esou explodéiert sinn un de Tankstellen."
Dës wieren ëm ronn 10 Prozent zënter Mäerz dëst Joer erop gaangen.
Stad feiert 100 Joer Bus
D’Stad Lëtzebuerg feiert iwwerdeems 100 Joer Stater Bus. Dëse Samschdeg, de 6. Juni ass dofir Porte Ouverte am Trams-Musée um Bouillon an der Stad. Vun 11:00 Auer u kann een hei u Visitt Guidéen deelhuelen.