Dëse Sonnde (26.11.) spillt de Lëtzebuerger Pianist Francesco Tristano e Concert am Buerglënster Schlass. Dat ass eng besonnesch Plaz fir de Lëtzebuerger Pianist, well do huet hien och säin alleréischte Piano Récital mat 13 Joer gespillt. Um Programm steet ënnert anerem Musek vum Bach - dee Komponist, deen de Francesco Tristano definitiv mat op eng verloossen Insel géif bréngen. Viru Kuerzem huet de Pianist och een neien Album mat Bach-Musek erausbruecht, an dat mat sengem eegene Label “intothefuture”. Säi Plang ass et elo, dat ganzt Wierk vum Bach opzehuelen an de nächsten 20 bis 30 Joer. Doriwwer an iwwert säi Concert de Sonnden huet d’Marie Schockmel sech mat him ënnerhalen.