Zemools am 19. Joerhonnert hounge vill epidemesch Krankheeten an der Loft, an och Komponiste goufen net verschount. Ënner anerem de Chopin an de Mozart si wéinst esou Krankheete verstuerwen, an dat dacks vill ze fréi. De Schubert ass mat nëmmen 31 Joer verstuerwen, mee ëmmer nach no bal 200 Joer si sech d'Museksfuerscher ongewëss iwwer d'Doudesursaach. De Joachim Fontaine erzielt eis, wat alles gewosst ass.