Eng Rei Verdächteger wiere provisoresch festgeholl ginn. Si kréien aktiv Korruptioun a Fälschung virgehäit.
Am Fokus stéing de chineeseschen Telekommunikatiounsris Huawei, wéi belsch Medie mellen.
Ob och EU-Deputéierter festgeholl gi sinn, gouf net matgedeelt.
Angscht virum chineeseschen Afloss op westlech Telekommunikatioun
D‘Lobbyiste sollen zënter 2021 EU-Deputéierter an Assistente bestach hunn. Huawei soll si bezuelt hu fir politesch Positiounen ze huelen oder hinne Kaddoe gemaach hunn, wéi Reesen oder Invitatioune fir Fussballsmatcher.
Chineesesch Technik an der westlecher Telekommunikatioun ass zënter Joren een ëmstriddent Theema. Huawei-Kritiker fäerten, datt China iwwer dës Entreprise Zougrëff op Handys-Reseaue kritt hätt.