Radioen

On air

De barocke Moien  |  Philip Glass - Etude Nr.16 - Romain Nosbaum (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Kritik vun der Sarah de Nutte ass nees Theema beim COSL an der FLTT

Sport

Kritik vun der Sarah de Nutte ass nees Theema beim COSL an der FLTT

No der Kritik vun der Dëschtennisspillerin Sarah de Nutte op den Olympesche Spiller ass haut um Freideg eng Entrevue tëscht de Responsabele vun der Dëschtennisfederatioun an dem Olympesche Comité. Dat geschitt dräi an eng hallef Wochen no engem Gespréich tëscht der FLTT an der Spillerin, a knapp 3 Méint no de Mësstéin zu Paräis.

auto_stories

1 min

D’Olympionickin hat Enn Juli an der franséischer Haaptstad kritiséiert, datt hiren Trainer si do net coachen duerft. De COSL hat sech dee Moment op d’Säit vun der Athletin gestallt.

Ufank September hat den FLTT-President André Hartmann op enger Pressekonferenz erkläert, d’Aussoe vum Sarah de Nutte a vum Olympesche Comité hätten der Dëschtennisfederatioun geschuet. Fir d’FLTT hätt een net dovu schwätze kënnen, datt d’Sarah de Nutte bei den Olympesche Spiller am Stach gelooss gi wier.

Aktualitéit
Sport