Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Georges Schmitt - Adieu aux hirondelles - Trio Cénacle

play_arrow Live
opus

/ Kritt d‘Affaire vun Hesper elo awer juristesch Suitten?

Sträit an der Gemeng Hesper

Kritt d‘Affaire vun Hesper elo awer juristesch Suitten?

D'Oppositioun vun Hesper huet elo offiziell beim Inneministère eng Autorisatioun ugefrot, fir rechtlech Schrëtt anzeleeden. Dat, well de Schäfferot selwer et net maache wéilt, heescht et an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

© Wikimedia Commons

D'Oppositioun kéint net novollzéien, firwat de Schäfferot just eng disziplinaresch Sanktioun géint dee Gemengebeamte geholl huet a keng Plainte bei der Justiz gemaach huet. Dës Affaire géif der Gemeng Hesper finanziell schueden. Hei wieren ëffentlech Gelder detournéiert ginn, de Schäfferot géif seng Responsabilitéit negligéieren, heescht et am Communiqué, an dat wier fir d‘Oppositioun inacceptabel.