De Kulturministère ass zu Lëtzebuerg reegelméisseg op der Siich no neie Kompositiounen. Domat sollen d'Komponistinnen an d'Komponisten zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt ginn.
Fir d'Saison 2025/26 goufen elo aus insgesamt 25 Bewerbungen, 10 Komponistinnen a Komponisten zeréckbehalen:
- Raoul Christophe fir de Luxembourg Jazz Orchestra
- Olivier Dartevelle fir d'Militärmusek
- Dylan Fixmer fir d'Luxembourg Philharmonic Academy
- Gilles Heinisch fir United Instruments of Lucilin
- Christophe Mirkes fir d'Kammerata Luxembourg
- Jeannot Sanavia fir den Ensemble Vocal du Luxembourg
- Max Serra fir den Orchester Estro Armonico
- Kerry Turner fir d'Solistes Européens, Luxembourg
- Roland Wiltgen fir de Luxembourg Philharmonic
- Tatsiana Zelianko fir den Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL)
Dobäi kommen zwee weider Opträg, déi duerch extern Kompositiounsconcoursen zu stane komm sinn.
Den Optrag fir d'Kompositioun vun dem Marche Grand-Duc Guillaume goung un de Militärmuseker a Komponist Georges Sadeler.
Ee weideren Optrag aus dem Concours vun der Maîtrise Sainte-Cécile vun der Stater Kathedral goung un de Roland Wiltgen fir d'Kompositioun "domine salvum fac"
Insgesamt ginn et fir d'Kompositiounen 56.500 Euro Budget.
Dat geet aus dem Schreiwes vum 16.01.2026 vum Kulturministère ervir.