D‘Situatioun wier nämlech onméiglech, an dat géif net nëmmen der Ekonomie schueden, mee och der Liewensqualitéit vun den däitsche Frontalieren. Ausserdeem wieren d‘Zousoen, datt d‘Kontrolle sou mann wéi méiglech Auswierkungen op d‘Pendler sollen hunn, falsch. Besonnesch de feste Kontrollpunkt op der A64 wier e rise Problem. Et wier un der Regierung fir anzegräifen, fuerdert den LCGB.
arrow_back_ios
opus
opus
/ LCGB : Den Inneminister muss eppes géint d'Kontrollen op der däitscher Grenz ënnerhuelen
Schued fir d'Wirtschaft a schlecht fir d'Liewensqualitéit
LCGB : Den Inneminister muss eppes géint d'Kontrollen op der däitscher Grenz ënnerhuelen
Den LCGB fuerdert, datt Lëtzebuerg wéinst den däitsche Grenzkontrollen agräift. Den Inneminister Léon Gloden misst direkt Kontakt mat sengen zwee Kolleegen aus Rheinland-Pfalz an dem Saarland ophuelen, fir eppes z‘änneren.
auto_stories
1 min
Foto: Michelle Barthel