Klassik Aktuell

Instrumenter aus Récup'

Am Kader vun der LUGA kann een déi ganz Woch bei engem Instrumentebauatelier matmaachen. An zwar mat diversen Objeten, déi aus de Poubellë kommen.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Trioman Orchestri play_arrow
Trioman Orchestri

De franséische Kollektiv Du grain à moudre baut Instrumenter aus recuperéierte Materialer: Ënner anerem aus Dousen, Plastiksfläschen oder och Gummishändschen. Mat dobäi ass de Geiebauer Benoit Poulain, deen d'Leit aus dem Kollektiv forméiert huet, aus allem a näischt Instrumenter ze bauen. Näischt geet verluer, näischt gëtt erschaf, alles gëtt emgewandelt, dat ass hirt Konzept.

Am Kader vun der LUGA gëtt de Kollektiv en Atelier fir Grousser a Klenger, dës ganz Woch vu 14 Auer un. Dëse Sonndeg (10.08.) gëtt et dann och e Concert, wou een lauschtere kann, wéi déi nei gebauten Instrumenter aus dem Atelier schlussendlech kléngen.

D'Marie Trussart huet de sougenannte Luthier sauvage Benoit Poulain, esou wéi de Kënschtler Jorge De Moura am Stater Park besicht an ënner anerem erausfonnt, wéi een aus engem PVC-Rouer eng Flütt baut a wat eigentlech eng Waasserflütt ass.

Wien beim Atelier nach matmaache wëllt, kann sech nach umellen, an zwar um Internetsite vun der LUGA.

Lauschterenplay_arrow