Radioen

On air

Musek fir déi ganz Famill  |  Joseph Lanner - Cerrito-Polka, Op. 189 - Ensemble Wien

play_arrow Live
search

/ En Owend voller Premièren

KLASSIK AKTUELL

En Owend voller Premièren

Fir d'éischt zu Lëtzebuerg, fir d'éischt an der Philharmonie an en Debut mat enger Wagner-Arie. Dat erwaart d'Sopranistin Elisabet Strid.

auto_stories

1 min

headphones

14 min

2024 | © radio100,7 (Christophe Mirkes) play_arrow
Elisabeth Strid (Sopran) (Foto: radio100,7 (Christophe Mirkes))

Déi schwedesch Sopranistin Elisabet Strid erlieft haut den Owend direkt méi Premièren. Et ass hir éischt Visitt zu Lëtzebuerg, hiren éischten Optrëtt an der Philharmonie, hir éischt Kooperatioun mat der Lëtzebuerger Philharmoniker, a si mécht och nach hiren Debut mat der 'Opferszene' vun der Brünnhilde aus der Oper 'Götterdämmerung' vum Richard Wagner.

An dee Concert iwwerdréit de radio 100,7 live aus der Philharmonie, de 26. Januar, owes um hallwer 8.

D'Elisabet Strid ass bekannt fir hir Interpretatioune vun den Opere vum Richard Wagner a vum Richard Strauss. Fir hir Stëmm virun engem Concert ze preparéieren, huet si e speziellt Gerät, mat deem si wäissen Damp anotemt. Doriwwer, an och iwwer hir grouss Leidenschaft fir d'Musek vum Wagner, verréit d'Elisabet Strid méi am Interview beim Christophe Mirkes.

Lauschterenplay_arrow