Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Vittorio Monti (arr. Markos Destefanos) - Czárdás - Duo Marcanto

play_arrow Live
search

/ Les Dimanches du Chant Grégorien 2023

Klassik Aktuell

Les Dimanches du Chant Grégorien 2023

De Mount Oktober steet am Norde vum Land traditionell am Zeeche vun "Les Dimanches du Chant Grégorien". Dës ginn zënter 2017 zesumme vun der Klierfer Abtei an dem Kultur- a Kongresszentrum, Cube 521 vu Maarnech, organiséiert. 

auto_stories

1 min

headphones

8 min

Choeur Grégorien de Paris | © Chieh-Hsuan Liu play_arrow
Choeur Grégorien de Paris (Foto: Chieh-Hsuan Liu)

Dräi Concerten, dräi Ensembelen

Niewent der Schola vun der Clierfer Abtei, déi vum Dom Jacques Prudhomme geleet gëtt, sinn dëst Joer och zwee franséisch Chéier agelueden.

Den Ensembel "Le Chœur Grégorien de Paris" mécht de 15. Oktober den Optakt. D'Thema vun hirer Presentatioun steet ënnert dem Titel : "Les Apôtres". D'Schola vun der Clierfer Abtei séngt den 22. Oktober. Si hunn als Thema  "Vocation Liturgique de la Création" gewielt. De Fraen Ensembel „Discantus", och vu Paräis, mécht den Ofschloss vu "Les Dimanches du Chant Grégorien" den 29. Oktober. De Gesangsensembel steet ënnert der Leedung vun der Brigitte Lesne. D'Thema ass do: "Nova sonet harmonia".

De Carlo Link huet sech am Virfeld fir de Programm vun dësem Joer intresséiert.

Lauschterenplay_arrow