Musek, déi dech duerch den Dag begleet, mat engem Fokus op Lëtzebuerger Museker:innen: Um Opus fënns du klassesch Musek non-stop. Entdeck eis Live-Show an där dech de Lex Kauffmann all Moien ënner der Woch tëschent 9h an 12h mat interessanten Theeme ronderëm déi klassesch Musek begréisst. Um Sonndeg kanns du e gemittlechen Ament mat der Emissioun Resonanzen verbréngen an ëmmer Méindes, Mëttwochs a Sonndes kanns du Live-Opname vu Concerten aus Lëtzebuerg an aus internationale Concertshaiser héieren.
Wat ass den DAB+?
DAB+ (Digital Audio Broadcasting Plus) ass den internationale Standard fir den digitale Radio. Zënter dem 1. Dezember 2025 gëtt et den DAB+ och zu Lëtzebuerg. Den DAB+ erméiglecht méi eng grouss Offer u Radiosenderen a bitt ee méi stabillen Empfang an eng besser Tounqualitéit wéi den FM. Grad fir déi Klassesch Musek ass den DAB+ domat eng gutt Optioun. Probéier et aus!
Wat brauch ech fir den Opus um DAB+ ze empfänken?
Viraussetzung fir den Opus kënnen ze empfänke sinn:
- En DAB+-fäegt Radiogerät (z. B. e Kicheradio, en digitale Wecker mat Radio-Funktioun oder och e klenge Radio mat Batterien)
- En Auto mat engem integréierten DAB+-Empfänger (zënter dem 21. Dezember 2020 ass an all neiem Auto an Europa en DAB+-Empfänger agebaut. Bei méi alen Autoen ass et méiglech, en DAB+-Empfänger nozerüsten)
Wéi fannen ech den Opus?
Stell däi Gerät op den DAB+-Modus an a sich no de verfügbare Senderen. Wiel dann an der Lëscht den Opus 100,7 aus.
Den DAB+ huet generell e stabilt Signal. Trotzdeem kann den Empfang vum Ëmfeld ofhänken. Besonnesch bannen a Gebaier kann et z. B. duerch aner elektronesch Geräter an LEDen zu Stéierunge kommen. Fir den Empfang ze verbesseren, ginn et zwee Tipps:
- D’Positioun vum Gerät änneren an et z. B. méi no bei eng Fënster stellen
- D’Antenn ganz erauszéien a verschidden Ausriichtungen ausprobéieren
Keen DAB+? Kee Probleem!
Mee och ouni DAB+ kanns du Klassik iwwerall erliewen: mat der App vum Opus, der App Radioplayer engem Internetradio oder mat engem Smartspeaker. An an eiser Mediathéik fënns du dee Concert, dee grad an deng Stëmmung passt, d’Live-Show Harmonesche Moien fir nozelauschteren, Podcasten, Interviewen a Gespréicher ronderëm déi klassesch Musek. Hei kanns du d’App downloaden:
Iwwert den Internet kann een direkt um Site www.opus.radio lauschteren.
Wann en Internetradio den Opus net fënnt, kann een dës Adressen (URL) aginn:
- Fir eng héich Qualitéit: https://listen.opus.radio/100komma7-opus/mp3-320/
- Fir eng méi niddereg Qualitéit: https://listen.opus.radio/100komma7-opus/aac-64/