Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Henri Vieuxtemps - Six Morceaux de salon, Op. 22, V. Tarentelle - Philippe Koch (Gei), Luc Devos (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Lëtzebuerg iwwerhëlt d'Presidence vun de Benelux-Länner

Fir déi 5. Kéier

Lëtzebuerg iwwerhëlt d'Presidence vun de Benelux-Länner

Haut um Donneschdeg huet Lëtzebuerg offiziell d‘Presidence vum Benelux iwwerholl. De Mëtteg war dofir eng Zeremonie, bei där diplomatesch Vertrieder vun den dräi Benelux-Länner an der Groussregioun dobäi waren.

auto_stories

1 min

Den Ausseminister Xavier Bettel. | © MAE
Foto: MAE

Den Ausseminister Xavier Bettel huet do eng Ried gehalen an d‘Prioritéite vun der Lëtzebuerger Benelux-Presidence virgestallt. Dat sinn: D‘Integratioun an d‘Innovatioun an de Benelux-Länner weiderzeféieren, d‘Zesummenaarbecht tëscht den Nopeschregiounen ze promouvéieren an d‘Bierger ze schützen.

Zënter dem neie Benelux-Traité 2012 ass dat hei elo déi 5. Kéier, datt Lëtzebuerger d‘Presidence huet.