Sport

Lëtzebuerg organiséiert Europameeschterschaft am Ekippenturnen 2028

Lëtzebuerg organiséiert 2028 d’Team-Gym Europameeschterschaften. Dat ass d’EM vum Ekippenturnen. Den Turnverband mellt an engem Communiqué, datt déi Decisioun de Weekend vum Exekutiv-Comité vun der European Gymnastics Vereenegung getraff gouf. 

auto_stories

1 min

© FLGYM
(Foto: FLGYM)

D’Meeschterschafte sinn tëschent dem 1. An dem 4. November 2028.

900 bis 1.000 Sportler wäerten dann an der Stad Lëtzebuerg wärend véier Deeg optrieden. 

Net déi éischte Kéier fir Lëtzebuerg

Et ass déi zweete Kéier datt Lëtzebuerg déi Kompetitioun organiséiert. Déi éischte Kéier war 2022. Déi beschten Athleten an Athletinnen aus Europa an de Kategorië Senior a Junior ginn do erwaart.