KLASSIK AKTUELL

Lëtzebuerger séngt an der Liederhalle Stuttgart

De Bariton Olivier Nilles ass nach am Studium, a feiert schonn säin Debut am Mozart-Saal an der Stuttgarter Liederhalle.

auto_stories

1 min

headphones

10 min

Olivier Nilles, Bariton | © Julia Dotzel play_arrow
Olivier Nilles, Bariton (Foto: Julia Dotzel)

Genau wéi säi Papp, ass och den Olivier Nilles Bariton-Sänger. Hien ass Mëtt 20, nach am Studium, an elo um Wee fir eng professionell Karriär opzebauen. Säin Debut an der Liederhalle zu Stuttgart ass den 19. Juli, wou hien zesumme mam Brenzhaus Orchester optrëtt. Um Programm stinn dräi Lieder vum Schubert, ënnert anerem och an enger beaarbechter Versioun vum Wolfgang Rihm - e Komponist, mat deem den Olivier Nilles scho perséinlech geschafft huet. Et ass och net säin éischten Optrëtt mam Brenzhaus Orchester, wéi déi den Olivier Nilles am Interview mam Christophe Mirkes verréit.

Lauschterenplay_arrow